D’ Begeeschterung an d’ Begabung vir d’ Handwierk gouf mer vu menger Mamm dem Marthy (Modiste) a mengem Papp dem Charel (Schräiner) verierft. Mat 12 Joer, hunn ech vum Kleesche meng éischt Huwwelbänk a mäin éischte Geschierschaf kritt, an dobäi ass et net bliwwen.
Ech drechselen lo säit ongeféier 10 Joer an hunn enorm vill Freed mat dësem alen Handwierk. Mäin Papp sot mol: “Wann’s de d’ Pensioun hues, da kanns de der deng Zäit gutt mam Drechselen verdreiwen.” Hien hat Onrecht, well et koum vill méi fréi ... ...
Et huet ganz kleng ugefaangen: Mat enger “Elektra-Beckum HDM 1000” Drechselbänk hunn ech mol Bicker, Bläistëfter an och Füllfiederen probéiert ze dréinen. Ech hat gemengt, dat wäre jo kleng Stécker, an dofir einfach ze maachen. Sou munches ass awer schif gaangen, an sou muncht Stéck ass mer em d’ Ouere geflunn. Well ech net dat néidegt Fachwëssen hat vir handwierklech korrekt an och sécher ze schaffen, hunn ech Kueren an der “Drechselstube Neckarsteinach” beim Martin Weinbrecht geholl, an dat war fatal: Ech gouf mam Drechselvirus infizéiert!
Ech hunn ëmmer méi probéiert, an hu schnell gemierkt, dass di gutt “HDM 1000” mer net méi duer geet. Relativ schnell gouf dunn eng “Vicmarc 240” ugeschaaft, eng herrlech Maschinn.
Lo kann ech endlech méi grouss Saache maachen an och méi prezis a propper schaffen. Et gi bal keng Limitte méi: Salz-, Peffer- a Muskat-Millen, allméiglech Schosselen, Téiliichter, Käerzestänner, Mini-Schrauwendréier, Porte-Clefs, Vasen, ... ... dat alles entsteet an de laange Wanterowenter a mengem Atelier am Keller.